Ministry of the Interior of the Grand Duchy of Luxembourg

04/15/2026 | Press release | Distributed by Public on 04/15/2026 02:34

Vereedegung vun engem Member vum ziville Kader vun der Generalinspektioun vun der Police

A Präsenz vun der Madame Claudine de la Hamette, Generalinspekterin vun der Police, souwéi vum Här Pascal Jann, Chef vum Departement Etüden, ass den Här Paul Milmeister, Member vum ziville Kader vun der IGP, offiziell vum Inneminister, dem Här Léon Gloden, vereedegt ginn. Den Här Paul Milmeister verstäerkt d'Equipe als Chargé d'études, wou hien zu den Analysen a Studien bäidréit, déi vum Departement Etüden am Kader vun de Missioune vun der IGP duerchgefouert ginn.

Ministry of the Interior of the Grand Duchy of Luxembourg published this content on April 15, 2026, and is solely responsible for the information contained herein. Distributed via Public Technologies (PUBT), unedited and unaltered, on April 15, 2026 at 08:35 UTC. If you believe the information included in the content is inaccurate or outdated and requires editing or removal, please contact us at [email protected]