08/24/2026 | Press release | Distributed by Public on 08/24/2026 08:11
D'Sproochmaschinn - méi genee d'Schreifmaschinn, also d'Sproocherkennung, mat där geschwate Sprooch an Text kann ëmgewandelt ginn - kritt eng nei Optioun: D'Transkriptioune kënnen elo normaliséiert ginn.
Wat bedeit dat?
Den Tool transkribéiert d'Lëtzebuergescht standardméisseg esou, wéi et geschwat gëtt. Dat heescht: Regional Varietéiten (z. B. "nek" amplaz "net"), sougenannten Allegroformen (z. B. "wi" amplaz "wéi") a bestëmmte Gespréichpartikelen (z. B. "ëëë") ginn net automatesch ugepasst oder erausgefiltert, mee mat verschrëftlecht.
Elo gëtt et eng nei Optioun fir déi automatesch Normaliséierung: Andeems Dir an den Astellungen d'Optioun "Normaliséieren" auswielt, ginn déi genannte Phenomeener un d'Standardschreifweis ugepasst respektiv erausgefiltert.
Wichteg ze wëssen: D'Funktioun fir d'Normaliséierung fänkt Schreifweisen op, déi bekannt an dokumentéiert sinn. Se garantéiert allerdéngs keng feelerfräi Transkriptioun. Mir recommandéieren dofir weiderhin, den Output nach eng Kéier selwer ze kontrolléieren.